Traktour 2017
De Péitrus war dëst Joër zwar net vun ufank un op eiser Säit mee och daat huet der 6. Editioun vum Traktour, dem Traktour 2017, net weider geschued.
An eisem Archiv fannt dir Léisungen, Ergebnisser a weideres zu dëser Editioun.
Un all dei di matgefuer sin: Ween d'Originalfoto vum Diplom oder den Diplom selwer als PDF geschéckt wëll kréien dee kann daat ënner Angab vun Numm an/oder Startnummer iwwer eise Kontaktformular oder per E-mail op diplom@traktour.lu ufroën.
Mir hoffen och dësen Traktour huet eise Besicher a Participant'en nees genau sou vill Spaass gemeet wei et eis gemeet huet dësen Event ze organiséiren.
All deene Leit dei do waren, dei matgefuer sin, dei op der Plaatz an op de Kontrolle gehollef hun an natierlech och eise Sponsoren a besonnëch der Famill Origer ee riesegrousse Merci!
An deem Sënn bis de 17. Juli 2019...
Gewënner vun der Tombola:
75€: N° 203
50€: N° 35
25€: N° 123










