Club

Mir sinn e Veräin deen 2006 gegrënnt ginn ass an dee sech fir historesch Gefierer wei Trakteren, Autoën oder Motorrieder mee och fir al Maschinnen interesséiert an engagéiert.

Mir organiséieren alljärlech Manifestatiounen wei d'Buergbrennen an d'Kiermesfest mat 50 Kubbik- an Trakterstreffen zu Biekerech.

Um Autojumble fann Dir och all Joër e Stand vun eis.

D'Oldtimerfrënn Biekerech a.s.b.l. huet d'Nofolleg vun den Trakterfrënn Biekerech ugetrueden dei hierersäits ënnert anerem den Traktour vun 1991 bis 2001 organiséiert hunn.

Aktuell hu mir ëm déi 40 aktiv Memberen an eise Reien.

Wëll Dir Member ginn? Schwetzt eis direkt op enger Manifestatioun un oder kuckt ënner Kontakt.

Oldtimerfrënn Biekerech